Adventsmaart Scouten Nidderaanwen

Datum an Zäit

Samschdeg, 27 November 2021 - 11:00 to 21:00

Plaz

Scoutshome Senningerberg
33, Breedewues
Sennigerberg
Luxembourg
LU

D'Scouten Nidderaanwen invitéieren op hiren Adventsmaart beim Scoutshome * Samschdes den 27.11.2021 ab 11:00 Auer.

Kommt laanscht an verbréngt bei eis en flotten Dag.

Fir Iessen an Gedrénks ass gesuergt: Zoppen, Gauferen, Glühwäin a villes méi... (och fir mat ze huelen)

Fir gutt Musek ass och gesuergt, am Nomëtteg wäerten d'Dëppegéisser fir Iech e puer Lidder spillen.

An eisem Adventskranz Take-Away kennt Dir nieft Ärem Kranz och flott Deko an lecker Kichelcher kafen! Reservéiert elo ären Kranz op www.scouten.lu

 

Eisen Adventsmaart fënnt ënnert de sanitäre Mesure vum CovidCheck statt.

Scouten - Flyer Adventsmaart 2021