15 Joer Jugendhaus Nidderaanwen
Datum an Zäit
Samschdeg, 8 July 2023 - 11:00 to 18:00Plaz
Jugendhaus Nidderaanwen
130, route de Trèves
6960
Senningen
Luxembourg
See map: Google Maps
LU
De Samschden, 8. Juli 2023 feiert d'Jugendhaus Nidderaanwen seng 15 Joer!
- vu 14h00 bis 18h00 kënnt dir mam Kënschtler ,,Stick'' en Abléck an de Graffiti kréien an déi nei ,,Free-Art-Wall'' gestalten. Och d'News-Mauer kritt en neien Ustrach.
- D'T-Wall gëtt wärend dem Event vun den Animateure geleet an e Stand fir Béchsen ze schéisse fannt dir hei och.
- Fir Iessen a Gedrénks ass a Form vu Gegrills, Mocktailen an Zockerwatt gesuergt
- Vu 14h00 bis 15h00 kënnt dir un engem Workshop mam Sven Fielitz deelhuelen, wou dir verschidde Fussball-Freestyle-Tricker léiere kënnt.
- Um 15h00 ass den offiziellen Deel an et gëtt den obligatoresche Gebuertsdagskuch
- Duerno gëtt den Terrain offiziell an och sportlech ageweit, zesumme mam Jugendhaus Norden an dem Jugendhaus Mutfert gëtt deen éischte Match um Terrain gespillt.
- Fir déi schéi Momenter festzehalen, steet eng Fotobox um Site, wou dir witzeg Fotoen als Undenke mat äre Kolleege maache kënnt
- Och den neie Minibus vum Jugendhaus, dee vun deene Jonke gestallt ginn ass, kënnt dir kuckekommen.
Jiddereen ass Wëllkomm - léiert d'Jugendhaus an d'Team kennen a feiert mat hinnen zesummen!