Pompjeeën

Wéi d'Gemeng 1982 décidéiert hat en TLF 16/25 fir de Pompjee Corps vun Niederanven-Senningen-Oberanven ze kafen, do ass et néideg ginn och nei Gebailechkeete fir dee Won an fir déi 2 aner Gefierer ze sichen. Dunn ass d'Idee entstanen, eng nei Garage fir 3 Camionen ze bauen mat engem Versammlungssall mat enger Buedzëmmer an engem Douche -Sall dobäi.

1983 dunn huet de Buergermeeschter dem Kommandant François Klein d'Schlësselen fir dat fonkelneit Gebai zu Oberanven « Am Sand » iwwerreecht. Dat Gebai gouf vun 2 Pompjee Corpsen wärend deenen nächste Joren genotzt. Allerdéngs goufen och nach no a no e puer Ännerunge virgeholl, ewéi z.B. den Douche-Sall den als Otemschutz Sall ëmgebaut gouf an et koum och nach en Atelier an en Ofstellraum dobäi.

Ufank den 2000 Joeren sinn awer och déi Infrastrukturen de néidegen Uspréch a gefroten Normen aus dem Beräich net méi gerecht ginn (2 Autoen hu missten am Ofstellraum vun der Sportshal gesat ginn) an dofir hunn d'Autoritéiten décidéiert, erëm eng Kéier ze vergréisseren. Et ass also e grousse Garage fir 5 Autoen dobäi komm, Vestiairen fir d'Ekippen, en neie Versammlungssall, e Büro, e Formatiounssall an nei sanitär Anlagen.

No 2011 wou d'Flott komplett erneiert gouf, do koum erëm de selwechte Plaz-Problem op. Vu dass eng Vergréisserung op dësem Site net méi méiglech ass, ass zesummen mat der Gemeng Schëtter décidéiert ginn e ganz neien « Centre d’opérations » fir d'Pompjee Corpsen  vun Niederanven-Schëtter-Mënsbech an nächster Zukunft ze bauen, e Site den allen neien Normen an Exigenzen entsprieche soll, ganz am Sënn vun enger effizienter Protectioun fir d’Bierger.

 

 Entdeckt de Site vum CGDIS

 

Adressen & Kontakter 

Adresse postale:

Adresse:

Contacts:

 
CIS Niederanven - Schuttrange Centre d'Intervention

Tél.: 49 77 1 - 37 50

 
7, Routscheed 7, Routscheed E-mail: cisnie@cgdis.lu
L-6939 Niederanven L-6939 Niederanven  

 

Chef de Centre

Wagner Christian

 

Tél.: 49 77 1- 37 53

E-mail: christian.wagner@cgdis.lu


Chef de Centre adjoint

Wagner Romain

Almeida Carlos


 


Tél.: 49 77 1 - 37 52

E-mail: romain.wagner@cgdis.lu

Tél.: 49 77 1 - 37 51

E-Mail: carlos.almeida@cgdis.lu