Aweiung vum Guttland.Trail Aarnescht

Date et heure

Dimanche, 24 septembre 2023 - 10:00

Place

Grousseboesch Niederanven
Luxembourg
LU

De Syndicat d'Initiative de la Commune de Niederanven (SICN) invitéiert zesumme mam ORT Centre/Ouest, der Administration de la Nature et des Forêts an der Gemeng Nidderaanwen häerzlech op d'Aweiung vum Guttland.Trail Aarnescht, de 24. September 2023. 

Huelt Deel um flotte Programm ronderëm de Wanderwee duerch dat impressionnant Naturschutzgebitt Aarnescht a verbréngt mat eis e flotten Dag an der Natur.

Programm:
Start bei der Entrée vum Groussebësch, um Parking vum Fligermonument

  • 10h00: offiziell Aweiung vum Guttland.Trail Aarnescht a Presenz vum Minister fir Tourismus, dem Här Lex Delles
  • 10h30: Wanderung iwwert de Guttland.Trail Aarnescht mat Erklärunge vum Préposé forestier vun der Gemeng Nidderaanwen, dem Här Pit Lacour
  • ca. 14h00: Eierewäin mat engem Barbecue