Am Kader vun der Woch vun der mentaler Gesondheet hu mir den 12. an 13. Oktober 2023 zesumme mam CNAPA en Éischt Hëllefscours fir psychesch Gesondheet organiséiert. Hei kruten d'Participanten d'Grondwëssen iwwer psychesch Stéierungen a Krise bei Erwuessene vermëttelt an erkläert, wéi ee Problemer mat Zäiten erkennt. Dem Formateur Sacha Bachim e grousse Merci fir deen interessante Cours.
Laang ass et hir, dass et eng Braderie zu Nidderaanwen gouf - ma déi vum Samschden, 30. September, war e vollen Erfolleg. E grousse Merci un d'Betriber, d'Associatiounen, d'Veräiner an natierlech och un d'Visiteure fir dëse flotten Dag an der Gemeng!
Frësch an den Drock an ab an d’Klassen domat! De Mëttwoch, 20. September 2023, huet de Schäfferot d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2 aus der Schoul Am Sand besicht fir hinnen - als éischt Kanner aus der Gemeng - eng Kannerkaart auszedeelen.
Pressecommuniqué vum 20. September 2023
Frësch an den Drock an ab an d’Klassen domat! De Mëttwoch, 20. September 2023, huet de Schäfferot d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2 aus der Schoul Am Sand besicht fir hinnen - als éischt Kanner aus der Gemeng - eng Kannerkaart auszedeelen.
Bei wonnerschéinem Wieder hu mir de Sonnden, 24. September 2023, zesumme mam SICN, der ANF a Visitt Guttland - a Präsenz vum Minister fir Tourismus, dem Här Lex Delles - de Guttland.Trail Aarnescht ageweit.
Vill Naturfrënn hu sech der Aweiung ugeschloss, ier et dunn zesumme mam Fierschter op den 9,5 km laangen Trëppeltour gaangen ass.
Sou fänkt den Dag gutt un!
Am Kader vun der Mobilitéitswoch hunn d'Membere vum Schäffen- a Gemengerot de Freiden, 22. September, moies Croissante mat Fairtrade Schockela verdeelt, fir den Notzer vum ëffentlechen Transport Merci ze soen!
De Sonnden, 17. September, huet d'Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen op hire Sunday Brunch invitéiert.
Vill Awunnerinnen an Awunner aus der Gemeng hu fir e gemittleche Get-Together de Wee an de Park vum Kulturhaus Niederanven fonnt.
© Jan Inghelram
A wéi Abbes, B wéi Betty, C wéi Chrëscht an D wéi Dolly - dat sinn déi nei Nimm vun de Pedibus-Maskottercher!
Den 20. September 2023 huet de Schäfferot zesumme mat der Ekipp vun Niedz4Kidz am Kader vun der Mobilitéitswoch d'Kanner, déi de Pedibus huelen, moies virun der Schoul ,,Am Sand'' iwwerrascht an hinnen eng flott Kap mat engem Maskottchen drop geschenkt.
E klenge Réckbléck op e flotte Mobilitéitsdag an eiser Gemeng.
Bei guddem Wieder hu vill Biergerinnen a Bierger ze Fouss, mam Vëlo oder mam Rollator déi proposéiert Parcourse matgemaach!
Kuerz virun der Rentrée sinn eng Partie Kanner aus der Maison Relais hannert d'Kulisse vun der Gemeng luusse komm.
Hei krute si op flott Aart a Weis d'Aufgabe vum Buergermeeschter, dem Schäffen- an dem Gemengerot erkläert, ier et dunn op en Tour duerch d'Gemengegebai gaangen ass.
Mir soe Merci fir dee flotte Besuch!