Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
Bamfeier Trafic
Gemengeliewen

Perturbatiounen am Trafic am Kader vum Bamfest zu Éiere vum Buergermeeschter

Am Kader vum Bamfest zu Éiere vum Buergermeeschter wäert dëse Samschdeg, 20. Abrëll e Cortège duerch d'Stroosse Rue de Rodenbourg a Rue Principale (Hausnummeren 11B bis 24B) zu Iernster goen. Tëscht 16h00 a 17h00 kann et dowéinst zu Perturbatiounen am Trafic kommen. Maacht wgl. lues wann Dir mam Auto zu Iernster ënnerwee sidd. Verëffentlecht den 2024-04-19
FB Cover Save the date
Sport

Nuit du Sport 2024

Déi 15. Editioun vun der Nuit du Sport steet virun der Dier an och mir sinn als Gemeng mat um Start!! De Samschden, 8. Juni, invitéiere mir Iech op e flotten Dag, gefëllt mat Sport a Spaass! Zesumme mat de Clibb an Associatiounen aus eiser Gemeng proposéiere mir Iech e flotte Programm mat ville Sportarten, déi dir schonn ëmmer ausprobéiere wollt. Markéiert Iech d’Nuit du Sport 2024 elo grouss am Kalenner an huelt deel un eisem flotte Programm fir Grouss a Kleng. Verëffentlecht den 2024-04-19