SIAS - Uebstzorten

14.10.2020

D’Biologesch Statioun vum SIAS huet d’Aufgab, Naturschutzprojeten an hiren 19 Member-Gemengen ëmzesetzen.

Zu dësen Aufgabe gehéiert och den Inventar an d’Erhale vu seelen, regionaltypeschen Uebstzorten. An der Entrée vun eiser Gemeng huet d’Biologesch Statioun SIAS eng Ausstellung vu ronn 30 verschiddenen Uebstzorten opgeriicht, fir de Leit d’Diversitéit vun den Uebstzorten ze weisen.

Weider Informatiounen fannt Dir op: www.sias.lu