Service médiation

07.09.2018

Hutt dir e Noperschaft Problem?
mat Kaméidi, Hecken oder Beem, Zerstéierung, Aarbechten, Déieren, Eegentumsrecht etc. ?

Da waart net méi a kommt direkt bei de Médiateur vun ärer Gemeng !

 

D’Mediatioun
  • Ass eng fräiwëlleg Démarche
  • Ënnerstëtzt den Dialog an d’Zesummenaarbecht tëscht de Leit an engem Noperschaft Sträit
  • Erméiglecht eng zefriddestellend Léisung fir all Bedeelegter an ass absolut confidentiel
De Mediateur
  • ass e Professionellen, den speziell fir d’Mediatioun ausgebilt ass
  • verhandelt tëscht de betraffene Parteien fir d’Kommunikatioun an engem Konflikt ze ënnerstëtzen
  • begleet déi betraffe Leit an hiren Iwwerleeungen fir e gemeinsamen Accord ze fannen
  • ass net parteiesch
  • ënnerleien der berufflecher Schweigepflicht
Är Avantagen :
  • e gratis Service fir all Bierger vun der Gemeng Nidderaanwen
  • eng Alternativ zum traditioneller Wee iwwer en Affekot
  • d'Mediatioun kann zu engem méi harmonescher Liewensqualitéit bäidroen
  • Dir hutt näischt ze verléieren, mee alles ze gewannen !
Wéi geet dat ?

All Persoun déi bei de Médiateur kënnt kritt an engem vertraulechen Eenzel Gespréich Gehéier. Jee no äre Bedierfnisser ënnerhëlt de Service déi néideg Démarchen fir äre Problem ze handhaben. De Service Mediatioun vun der Gemeng Nidderaanwen lauschtert iech no.

Wéi kann ech de Mediatioun Service kontaktéieren ?

Loosst einfach e Message an är Donnéeën per Email um mediation@niederanven.lu oder telefonéiert op den 621 673 648.

Een vun eise Médiateuren rifft iech dann esou séier wéi méiglech zréck.