Naturaktivitéiten an eiser Regioun 2019

26.11.2018

De SIAS huet, wéi all Joer, eng ganz Rei vu flotten Aktivitéiten, Wanderungen a Coursen, déi an eiser Regioun ugebuede ginn. Dëst Joer bréngt de SIAS fir d’éischt Kéier eng Broschür eraus an där des Aktivitéite gruppéiert an an engem praktesche Format zesummegestallt ginn. D’ Aktivitéite gi vu verschiddenen Acteuren aus der Regioun ugebueden, déi jeeweileg Kontaktpersoun fir Umeldungen a Froen ass dann och fir all Aktivitéit uginn. Hei gitt dir och de genauen Treffpunkt fir d’Aktivitéit gewuer.

Mir hoffen, dass dir motivéiert sidd eis Regioun mat eis zesummen ze entdecken an d’Natur hautno ze erliewen.

Naturaktivitätenbroschüre - PDF