MyEnergy Infopoint

13.11.2018

Den Infopoint myenergy ass en Informatiouns an Conseil Service iwwer Themen ronderëm d’Energie, nohaltegt Wunnen a Mobilitéit. Et ass eng Partnerschaft tëscht der Gemeng an myenergy, déi national Struktur fir d’Promotioun vum Iwwergang op e nohaltegen Energieverbrauch.

Dëse Service huet als Zil Iech iwwer folgend Themen ze informéieren, ze sensibiliséieren a konkret ze beroden:

  • Nohalteg Renovatioun a Saachen Energie
  • Erneierbar Energien
  • Nohalteg Mobilitéit
  • Energiespueren am Alldag
  • Energie-Pass an Zertifikat
  • Verschidden Subsiden aus dem Beräich Energie

Är perséinlëch Energie Analyse op Rendez-vous

Eng Basis Energieberodung kënnt Dir doheem bei Iech oder am Infopoint Büro vun ärer Gemeng kréien. Mir schwätzen Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch. De ganze Service ass gratis, d’Käschten gi vun der Gemeng a myenergie iwwerholl.

Huelt nach haut Rendez-vous!

Huelt nach haut Rendez-vous!