Geschriwwenen & grafeschen Deel

Haut op vun 08h00 -14h00 (ouni Ënnerbriechung)

Photo_Plan

Wat ass de PAG?

Procédures_PAG

,,De Plan d’aménagement général (PAG), och nach "Allgemenge Bebauungsplang", ass en Ensembel vu grafeschen a schrëftleche Virschrëfte mat reeglementareschem Charakter, déi sech géigesäiteg completéieren an de ganze Gemengenterritoire ofdecken, dee se a verschidden Zonen opdeelen, fir déi se d’Buedemnotzung festhalen.

D’Zil vum PAG ass d’sënnvoll Opdeelung a Planung vu mënschlechen Aktivitéiten an deene verschiddenen Zonen, fir d’nohalteg Entwécklung vun der Gemeng ze garantéieren op Basis vun den Ziler, déi am Artikel 2 vun der Loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l'aménagement communal et le développement urbain definéiert sinn.

All Gemeng soll e PAG hunn, deen hire ganzen Territoire ofdeckt. Zwou oder méi Gemenge kënne sech zesummen dinn, fir e gemeinsame Projet auszeschaffen, dee fir se all als PAG gëllt.'' (maint.gouvernement.lu)

De P.A.G. vun der Gemeng Nidderaanwen

Geschriwwenen Deel

De P.A.G. vun der Gemeng Nidderaanwen ass konform zum Gesetz vum 19. Juli 2004 (aménagement communal) an dem geännerte Gesetz vum 28. Juli 2011 betreffend den Développement urbain ausgeschafft ginn. Dee geschriwwenen a grafeschen Deel vum P.A.G. si gemäss dem Gesetz vum 28. Juli 2011, wou et ëm de P.A.G. geet, opgestallt ginn.

Grafeschen Deel

De grafeschen Deel vum P.A.G. Nidderaanwen besteet aus folgende Pläng vun den Uertschaften Nidderaanwen, Sennengerbierg, Senneng, Hueschtert, Ueweraanwen, Rammeldang an Iernster. Dës Pläng weisen och den Deel vum Flughafen a Waldhaff.