Schoultransport & Pedibus
Schoultransport

Fir dass all d'Kanner aus der Gemeng an d’Schoul ,,Am Sand'' kommen, offréiert d’Gemeng e komplette Busplang, dee sech aus 8 verschiddene Linnen zesummesetzt an all Duerf an Haff ufiert.

3 vun deenen 8 Linne gi vu gemengeneegene Busser ausgeféiert an eis Buschauffere Pascal Bonifas, Christophe Bamberg a Camille Bertrang suergen dofir, dass d'Kanner sécher vun A op B kommen.

D’Horair​ë vun all de Linne fannt Dir am Schoulbuet.

Déi Nomëtteger wou keng Schoul ass ginn déi selwecht Busse genotzt fir d’Kanner an d’Muséksschoul oder an d’Nohëllef ze feieren.

Pedibus Nidderaanwen: e Projet dee funktionéiert!

Pedibus23

De Pedibus funktionnéiert mat 4 Linnen an eiser Gemeng

De Pedibus ass e Schoulbus-System den zu Fouss gemaach gëtt an no folgendem Prinzip funktionéiert: eng Grupp vu Kanner gëtt vun Erwuessenen op hirem Wee an d'Schoul begleet. Wéi den traditionelle Bus hëllt och de Pedibus Kanner op verschiddene Plazen op engem vir bestëmmte Wee, an no engem fixen Zäitplang, op.

Wéi funktionéiert de Pedibus?

D'Kanner waarden um ausgemaachten Treffpunkt op de Pedibus fir esou an d'Schoul ze trëppelen. Wärend der ganzer Rees sammelt de Pedibus d‘Kanner déi an dem Convoi bäitrieden op deene verschiddenen Arrêten an. Näischt ass méi einfach! Eng Umeldung ass allerdéngs noutwenneg.

D'Kanner, an der Gesellschaft vun hire Kollegen an zwee erwuesse Begleeder, kënnen esou hir Schoul op eng sécher, gesond an ökologesch Manéier erreechen.

Dëse Service gëtt schonns fir Kanner aus dem Cycle 1 un ugebueden. En iwwerdeckte Weenche gëtt benotzt fir zousätzlech Material a Schoulsäck ze transportéieren. De Pedibus zirkuléiert an all Wieder, wat aus der Erfahrung eraus kee Problem ass, wann d'Kanner da gutt mat deeër richteger Kleedung géint d'Wieder geschützt sinn.

Firwat sollen eis Kanner an d'Schoul trëppelen?

  • Zu Fouss goen ass gutt fir d‘Gesondheet!

Fir Problemer mat Iwwergewiicht ze vermeiden, wat jo och oft wéinst Mangel u Bewegung an engem sedentäre Liewensstil antrëtt, sollen d'Elteren hir Kanner dozou encouragéieren regelméisseg zu Fouss ze goen.

  • zu Fouss goen ass méi lëschteg!

Treffen a Gespréicher mat anere Kanner an och Entdeckungen um Wee si vu grousser Bedeitung fir déi sozial Entwécklung vun eise Kanner.

  • Fouss ze goen ass gutt fir d'Ëmwelt!

Autosverkéier um Wee fir an d'Schoul a virun de Schoulgebaier verursaacht eng bedeitend Ëmweltverschmotzung. Zu Fouss goe dréit also zum Ëmweltschutz bäi.

Déi 4 Linnen :

D'Linn A vum Pedibus geet zu Nidderanven an de Stroossen Dicks, Michel Lentz, Rénert a Laach. Den Trajet dauert ongeféier 22 Minutten (22 Kanner ageschriwen).

D'Linn B vum Pedibus geet zu Ueweraanwen an der „Wakelter“, an de Stroossen Schetzel, Jean-Pierre Gloden an rue du Coin. Dësen Trajet dauert ongeféier 18 Minutten (16 Kanner ageschriwen).

D’Linn C vum Pedibus geet zu Sénneng vum “Trénker” durch d’Tréiererstrooss laanscht de Centre les Arcades. Dësen Trajet dauert ongeféier 22 Minutten (16 Kanner ageschriwen).

D'Linn D vum Pedibus geet zu Nidderaanwen an de Stroossen Goesfeld, Mensdorf, Munsbach a Laach. Den Trajet dauert ongeféier 27 Minutten (7 Kanner ageschriwen).

Sécherheet

• Passend Schëlder bidde maximal Sécherheet fir d’Pedibusroute.

• Guiden halen eng ganz Serie vu Verhalen Regelen an.

• Begleeder a Kanner droen Sécherheetsvesten. Bei schlechtem Wieder schützen Ponchoen Kanner virum Reen.

• Bei der Arrivée um Schoulcampus ginn d'Schüler an déi verschidde Schoulgebaier begleet

Informatiounen