Ëffentlechen Transport
Foto-transport-public-header

Night Rider & Nightlifebus

logo-nightrider

Wat ass den Night Rider?
Den Night Rider ass en individuellen Nuechtbus ouni fest Linn oder Busarrêt. Den Night Rider bréngt Iech sécher an zouverlässeg, ouni lästeg Sich no enger Parkplaz, op Är Adress vun Ärer WIel oder nees heem. Den Night Rider verkéiert am ganze Grand-Duché an ass ausschliislech op Weekender tëschent 18h00 owes a 5h00 moies a Betrib.


D'Virdeeler?

  • Online-Reservéierung: Dir kënnt den Transfer bis zu 60 Minutte virun der gewënschter Zäit vum Depart online op der Internetsäit buchen, wann Dir eng Night Card, eng valabel Kreditkaart oder Payconiq hutt. Sollt déi gewënschten Zäit fir den Depart net méi fräi sinn, schléit Iech de Reservatiounssystem automatesch eng alternativ Zäit jee no Disponibilitéit vir. 
  • SMS: Sou wuel d'Wiederconditiounen, wéi och de Verkéier kënnen d'Arrivée vum Night Rider beaflossen. Opgrond vun der Kombinatioun mat aneren Ufroen, kann d'Zäit vum Depart vum Night Rider ëm ±10 Minutten ofwäischen. Fir Iech awer iwwert d'Ukomme vum Night Rider ze informéieren, gëtt Iech ongeféier 10 Minutte virdrun eng SMS geschéckt, fir dass Dir och genau wësst, wéini Dir op déi genannte Plaz fir den Depart komme sollt.
  • Präismodel: De Präis vun enger Buchung hängt vun der Distanz of - onofhängeg vun der Unzuel vun de Persounen (max. 8 Persounen), déi d'Buchung enthält. Déi direkt a kierzt Streck deng als Basis fir d'Ofrechnung, och wann de Chauffer en Ëmwee fuere muss, fir aner Clienten ofhuelen ze goen oder ofzesetzen.
  • Alles nom Prinzip: Je méi Persounen Är Buchung huet, je méi bëlleg gëtt de Präiss. 

Wie kann eng Night Card kréien a wou kréien ech se hir? 
All Awunner vun der Gemeng Nidderaanwen am Alter tëschent 16 a 25 Joer kann eng Night Card io der Gemeng fir de Präiss vu 40€/Joer kréien. Fir all Erwuessenen ab 26 Joer ass de Präiss 80€/Joer.

Wat kascht den Transfer mat der Night Card? 
D'Käschte vum Transfer fir Awunner, déi eng Night Card Niederanven hunn, gi vun der Gemeng bis zu engem Betrag vu 40€/Faart iwwerholl. Zousätzlech Käschte gi vun der Gemeng a Rechnung gestallt wa sech de Point de Depart oder d'Zil net am Gebitt vun der Gemeng Nidderaanwen* befënnt.
All bestallt, net genotzt an net rechtzäiteg (mind. 2 Stonne virun der confirméierter Ofhuelzäit) ofgemellt Faart gëtt Iech vun der Gemeng komplett weiderberechent.
Wann Dir an den Night Rider eraklappt, vergiesst net dem Chauffer Är Night Card ze weisen!
* Nidderaanwen, Ueweraanwen, Hueschtert, Iernster, Rammeldang, Senneng, Sennengerbierg, Waldhaff.

Keen Internet? Kee Problem!
De Night Rider kënnt Dir och per Telefon iwwert d'Hotline 900 71 010 (3 Cent/Min., méindes bis donneschdes, vun 8h00 bis 18h00, freides a samschdes vun 8h00 bis 5h00 den Dag drop) buchen.

Déi éischt reegelméisseg Buslinn am Land, déi an der Nuecht fiert, gouf den 30. Abrëll 1999 vun der Gemeng Nidderaanwen agefouert. Säitdeem erfreet sech den Nightlifebus enger konstanter Beléiftheet a féiert all Weekend tëschent 100 an 150 jonk an al Gäscht ronderëm.

De Bus fiert all d'Dierfer vun der Gemeng un. Eng reegelméisseg Verbindung mam City-Night-Bus besteet am dem Hamilius an der Stad. De Bus fiert vu freides bis samschdes ab 23h30 all 60 Minutten. De leschten Depart an der Nuescht ass um 3h30 an der Stad.

Den 14. Mäerz 2003 hate mir d'Freed, den 25.000ste Passagéier am Nightlifebus zu Nidderaanwen begréissen ze kënnen. Säit dem 1. November 2004 huet d'Zuel vun de Passagéier déi 40.000 iwwerschratt.

D'Gemeng bitt doriwwer eraus Transporter fir grouss Evenementer an der Stad un, wann dës net mat den normale Buslinnen ugefuer kënne ginn. Dës zousätzlech Busverbindunge ginn et um Virowend vun Nationalfeierdag a Silvester, wärend dem Rock-um-Knuedeler a fir d'Schuerberfouer.