Mobilitéit

« D‘Ëmwelt schützen hëlleft de Verkéier ze reduzéieren »

Eis Gemeng ass direkt mat e puer Bus Linnen vum nationalen Transport Réseau verbonnen an et gi ganz vill Busarrêten.

Detailer vun den Arrêten

All Horairen vun de Bussen déi duerch Nidderaanwe fueren fannt Dir op www.mobiliteit.lu 


Night Rider

WAT ASS DE NIGHT RIDER?

De Night Rider ass an individuellen Nuets Bus service, ouni festgeluechten Arrêten an ouni fixen  Horaire. Verlässlech a sécher an ouni mussen e Parking ze sichen, gitt Dir vun doheem aus bis op d’Plaatz vun ärem Choix bruecht. Dëse Service funktionéiert fir d’ganz Land awer just weekends vun 18.00 Auer bis 5.00 Auer moies.

WAT SINN D'AVANTAGEN?

Online Reservatioun: Dir kënnt är Fahrt online bis zu 1 Stonn am Viraus online buchen. Dat eenzecht wat dir dofir musst hunn ass eng gülteg Night Card, eng Kreditkaart oder Digicash. Wann är gesichten Zäit ausgebucht ass, da proposéiert de Site Iech automatesch eng Alternativ.
De Pick-up SMS: Schlecht Wieder- oder Verkéiers Situatiounen an /oder aner gebuchte Fahrten kënnen emol de genauen Horaire ëm +- 10 Minutten verschiben. Dofir kritt Dir ëmmer 10 Minutten virum deem de Bus do ass e Pick-up SMS, fir dass Dir genau wësst wéini genau de Bus ukënnt.
Den Tarif Modell: De Präis vun enger Night Rider Fahrt hänkt ëmmer vun der Distanz an net vun der Unzuel vu Persounen (max 8) pro gebuchte Fahrt of. Et gëtt ëmmer déi kierzte Fahrt berechent, och wann de Wee emol e bësse méi laang kéint ginn wéinst anere gebuchte Fahrten, also ëmmer nom Motto : wat méi Persounen pro gebucht Fahrt wat méi bëlleg.

WEE KA WOU ENG NIGHT CARD KREIEN?

All Awunner vu Niederanven tëscht 16 a 25 Joer kann eng Night Card fir 40€, all Erwuessenen ab 26 Joer fir 80€ d’Joer kafen. Fir eng Night Card ze kréien braucht Dir iech just un d’Gemeng ze wenden.

WAT KASCHT ENG FAHRT  WANN EEN ENG NIGHT CARD HUET?

Fir all déi déi eng Night Card hunn bezilt d’Gemeng Niederanven den Transport bis zu 40€. Alles wat driwwer geet gëtt vun der Gemeng a Rechnung gestallt. Déi eenzeg Konditioun ass dass entweder d’Ofhuel Adresse oder d’Ziladresse um Territoire vun der Gemeng Niederanven leien *
All reservéiert Fahrt, déi net ugetrueden oder min 2 Stonnen am Viraus ofgemellt gouf gëtt och vun der Gemeng un Iech verrechent.
Wann Dir an de Bus klammt, da vergiesst net dem Chauffer är Night Card ze weisen.
* Niederanven, Oberanven, Hostert, Ernster, Rameldange, Senningen, Senningerberg, Waldhof

KEEN INTERNET? KEEN PROBLEM!

Dir kënnt ganz einfach är Night Rider Fahrt per Telefon buchen op der Hotline 900 71 010 (3 Cent/min) Méindes bis Donneschdes vun 8.00Auer bis 18.00 Auer a Freides bis Samschdes vun 8.00 Auer bis 5 Auer moies de nächsten Dag.

DEPLIANT NIGHT RIDER NIEDERANVEN


Transport fir d’Veräiner

D’Gemeng huet 2 Minibussen déi de Lokalveräiner (Sport Clibb oder kulturell Veräiner…) fir Déplacementer an d’Ausland oder Inland zur Verfügung stinn.

Hei ass de Formular fir e Minibus unzefroen.

De Locataire vum Bus muss selwer Chauffer sinn. Wann d’Unzuel vu Passagéier d’Maximum Kapazitéite vum Bus iwwerschrëtt, da kann d’Gemeng dem Veräin och de Schoulbus mat Chauffer zur Verfügung stellen, awer dann nëmmen fir Transporter op lëtzebuergeschem Territoire.


Subsid op är Joreskaart

Fir vun dem Subside ze profitéieren musst Dir dëse Formular ausfëllen an eis zréckschécken.

De Formular eroflueden


De Schoul Transport

Fir dass al Kanner aus der Gemeng an d’Schoul « Am Sand » kommen, offréiert d’Gemeng e komplette Busplang, den sech aus 8 verschidde Linnen zesummesetzt an all Duerf an Hief ufiert. 3 vun deenen 8 Linnen gi vu gemengen eegene Bussen a Chaufferen ausgeféiert.

D’Horairen vun all de Linnen fannt Dir an eise Publikatiounen.

Déi Nomëtteger wou keng Schoul ass ginn déi selwecht Busse genotzt fir d’Kanner an d’Musékschoul oder an d’Nohëllef, oder fir déi eeler Leit an de Centre commercial Arcades ze feieren.


Call a Bus (fréiere Rollibus) Ruff Bus fir Leit am Rollstull

An Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg offréiert d’Gemeng Nidderaanwen de « Call a bus » Service fir all Leit déi am Rollstull sëtzen. E Begleeder kann och dobäi sinn.

Dëse Bus circuléiert nëmmen um Territoire vun der Gemeng Nidderaanwen an der Stad Lëtzebuerg. Ënner verschidde Konditiounen kënnen och Destinatiounen ausserhalb vun dem Gebitt ugefuer ginn. Dir kënnt iech um 4796-4797 renseignéieren.

Den Tarif ass 2.-€ pro Persoun a pro Fahrt an de Service funktionéiert vu Méindes bis Sonndes tëscht 7 Auer Moies a Mëtternuecht.

Dëse Service geet vun virun der Dir vun der Ofhuel Plaz bis bei d’Dir vun der Destinatioun. De Chauffer hëlleft dem Client beim Eran- an Erausklammen a fixéiert och de Rollstull mat Gurten.

Fir de Bus ze ruffen, musst Dir wéinstens 45 min virum Start um 4796-4797 uruffen, an déi genau gewënschten Ofhuelzäit esou ewéi d’Destinatioun matdeelen. Dir kënnt fréistens 3 Wochen an Viraus reservéieren.


De Nightlifebus

Dës 1. Buslinn am Land déi och nuets funktionéiert ass den 30.Abrëll 1999 hei an der Gemeng Nidderaanwen ageweit ginn.

Vun do un erfreet sech dëse Service enger grousser Popularitéit an transportéiert all Weekend tëscht 100 an 150 jonk a manner jonk Persounen. All Duerf vun der Gemeng gëtt bedéngt an eng regelméisseg Korrespondenz mam City-Night-Bus gëtt et och.

De Bus fiert vu Mëttwochs bis Samschdes all Stonn vun 23h30 Auer un. An der Nuecht vu Mëttwochs an Donneschdes ass dee leschten Départ um 1h30 Auer an der Stad, Freides a Samschdes um 3h30 Auer.

De 14. März 2003 huet de Buergermeeschter Raymond Weydert de 25.000sten Client vum Nightlifebus konnte begréissen. Zanter dem 1. November 2004 ass d’Zuel vun de Clienten wäit iwwer 40.000 geklomm.

D’Gemeng offréiert och Bussen déi op grouss Fester oder Manifestatiounen an d’Stad fueren, wann da keng normal Linnen disponibel sinn. Dat ass de Fall z.B. um Virowend vu Nationalfeierdag, wann de Rock-um-Knuedler stattfënnt oder awer och fir op d’Schueberfouer ze fueren.

Horairen eroflueden


Charly

De personaliséierte Ruff Bus « Charly » steet allen Awunner vu Nidderaanwen vun der Gemeng zur Verfügung. Domat kënnt Dir är Akeef an der Gemeng maachen, bei den Dokter, bei de Coiffeur goen oder eben op eng aner Bus Korrespondenz bruecht ginn.

De Flyer vum Charly eroflueden (FR)