Museksschoul
UGDA_PorteOuverte_Niederanven-header

Léif Elteren, léif Schüler.innen,

D'Museksschoul Nidderaanwen ass eng Plaz, wou d'Musek d'Mënsche vun all Alter verbënnt, egal aus wéi engem Land si kommen oder wéi eng Sprooch si schwätzen. Se zeechent sech duerch Kollegialitéit tëschent all de Bedeelegten, a virun Allem duerch dat generatiounsiwwergräifend Zesummeliewen aus. 
D'Musek duerchdréngt d'Liewe vun engem Eenzelnen a begleet Iech mat all hirer Villfalt an Ärem Alldag.

D'Museksschoul Nidderaanwen bitt den Awunner aus der Gemeng Nidderaanwen, ob Kand, Jugendlechen oder Erwuessenen, d'Méiglechkeet, seng musikalesch Talenter ze entdecken, andeem si d'Musek erliewen, sangen oder e Museksinstrument léieren.

D'Sangen oder d'Spille vun engem Museksinstrument, onofhängeg vun Alter oder Kënnen, dréit zu Ärem kierperlechen an emotionale Wuelbefannen, sou wéi zur Entwécklung Ärer Perséinlechkeet bäi. Et hëlleft, Emotiounen ze kontrolléieren, d'Selbstvertrauen an d'Selbstwäertgefill ze erhéijen an den deegleche Stress ze reduzéieren.

Alles an Allem ass d'Praktizéiere vu Musek fir jiddereen eng eenzegaarteg Erfarung an eng universell Sprooch, déi eis zesummebréngt!

« La musique peut changer le monde car elle peut changer les gens. » (Bono Vox)


Roberta Dario

Musekscoursen, Assurancen, Schüler- & Studenteprimmen, Coordinatrice Seniors, Delegéiert fir d'Égalité des chances

Säit 2015 iwwerhëlt d'Gemeng Nidderaanwen de Rôle vun der commune coordinatrice vun der regionaler Struktur ,,Museksschoul Syrdall'' fir de konventionellen, mee och den administrative Volet an dëst an Zesummenaarbecht mat der Museksschoul UGDA. An dëser regionaler Struktur sinn zesumme mat der Gemeng Nidderaanwen, d'Gemenge Bous-Waldbriedemes, Conter, Fréiseng, Réimech, Sandweiler, Schëtter a Stadbriedemes zesummegeschloss. 

Bis ewell zielt déi regional Struktur 1.217 Schüler, déi 1.948 Course fir d'Joer 2023/2024 beleeën.

Zesummesetzung:
De Gemengerot vun all Gemeng, déi déi regional Kooperatiounskonventioun ,,Museksschoul Syrdall'' ënnerschriwwen huet, ernennt zwee Delegéierter fir d'Opsiichtskommissioun. 

De Vertrieder vun den Organismes de droit privé an/oder säin Delegéierten huelen an de Sëtzunge vun der Opsiichtskommissioun mat enger Voix consultative deel.

 

Kompetenzen:

D'Opsiichtskommissioun huet eng berodend Funktioun a préift déi him virgeluechten Ugeleeënheeten esou schnell ewéi méiglech. Si trëtt op mannst zweemol am Joer zesummen, fir virun allem déi provisoresch an déi definitiv Schoulorganisatioun ze aviséieren, sou wéi den Decompte vun den Organismes de droit privé ze préiwen.

D'Kommissioun kann och bei festgestalltem Besoin op Initiativ vun de Presidenten oder op Ufro vun engem vun de Memberen zesummekommen.

 

23.01.24_CommissionDeSurveillance

Déi regional Struktur ,,Museksschoul Syrdall" bitt Coursen an der Division inférieure a moyenne un, souwuel op lokalem, wéi och regionalen Niveau.

An Zesummenaarbecht mat der Museksschoul UGDA proposéiert d'Gemeng Nidderaanwen follgend Coursen:

Musikalesch Formatioun:

  • Éveil musical 2e année (Opnambedéngungen: ab dem Cycle 1.2. (5 Joer den 31.08) vun der Primärschoul)
  • Éveil musical 3e année (Opnambedéngungen: ab dem Cycle 2.1. (6 Joer den 31.08) vun der Primärschoul)
  • Formation musicale 1re année (lu + fr) (Opnambedéngungen: ab dem Cycle 2.2. (7 Joer den 31.08) vun der Primärschoul)
  • Formation musicale 2-4 (Opnambedéngungen: Bestoe vum viregte Joer)
  • Formation musicale 5-6 (Opnambedéngungen: Bestoe vum viregte Joer)
  • Formation musicale accélérée 1 (Opnambedéngungen: Bestoe vum viregte Joer)
  • Formation musicale accélérée 2 (Opnambedéngungen: Bestoe vum viregte Joer)

Gruppecoursen:

  • Formation chorale fir Kanner a Jugendlecher (Opnambedéngungen: ab 7 Joer den 31.08 a bis 14 Joer a parallel e Cours an der Formation musicale besichen)
  • Formation libre – Chant Choral für Erwachsene (Opnambedéngungen: ab 15 Joer)
  • Pratique collective instrumentale (ensemble instrumental) (Opnambedéngungen: ab dem 2. Joer am Instrument)
  • Pratique collective instrumentale (ensemble homophone : guitare et percussion) (Opnambedéngungen: Ofschloss vum 1. Cycle am Instrument oder op Empfielung vum Léierpersonal)
  • Musique de chambre (Opnambedéngungen: den Diplom vum 1. Cycle am Instrument krut hunn)

Einzelkurse:

  • Instrument à vent et percussion / drumset:

Querflütt, Klarinett, Hautbois, Fagott, Saxofon, klengt Blech (Trompett, Bügel, Cornet), Cor en Fa, Posaun, grousst Blech (Bariton, Eufonium, Basstuba, Kontrabass.

Opnambedéngungen: parallel dozou e Cours an der Formation musicale ab dem 1 Joer bis bei d'Remise vum Zertifikat vun der Division inférieure (Formation musicale 4) 
Drumset: Erfollegräichen Ofschloss vun den ënneren 1.1. an 1.2. an der Batterie

  • Piano/Guitare Classique/Guitare électrique/Guitare Basse/Cordes (violon et violoncelle):

Opnambedéngungen: ab dem 2. Joer vun der Formation musicale
Cours de cordes
: nëmme fir d'Formation régulière (keng Course fir Erwuessener)

  • Chant classique / moderne:

Opnambedéngungen: ab 11 Joer (bis 30 Joer fir de moderne Gesang) an op d'mannst 1 Joer vun der Formation musicale; op Empfielung vum Léierpersonal am Juli; parallel dozou d'Formation musicale besichen

  • Déchiffrage:

Opnambedéngungen: Ofschloss vum 2. Cycle am Instrument

Aschreiwungsfraisen (järlech)KannerErwuessener
(ab 18 Joer)
Éveil musical
gratis/
Inférieur 1 + 2gratis100€
Inférieur 3 + 4, moyen*75€100€
Formation adulte (initiale, qualifiante)/100€


*Opnambedéngungen fir d'Division moyenne Instrumenter/Gesang: fir an d'Division moyenne opgeholl ze ginn, muss d'Schülerin/de Schüler säin Diplom vum 2. Cycle (Instrumenter/Gesang) mat enger Endnott vun op d'mannst sechsandrësseg Punkte krut hunn.

BLASIUS Jean-Luc - Klarinett

BORNET Christophe - Formation musicale; formation chorale fir Kanner a Jugendlecher; chant classique/moderne

BOURGEOIS Françoise - Hautbois

CID-DIAZ Marie-Christine - Piano

DUCHSCHER Max - Perkussioun

GEHL Paul - Klassesch Gittar

HECK Tom - Elektresch Gittar

HENEAUX Denis - Kleng Blechbléiser (Bügel, Kornett, Trompett)

JIMINEZ Beatriz - Formation musicale accélérée; Violoncello

KAMPISNÉ AMRUSZ Anna - Querflütt

KAYSER Isabelle - Querflütt

KLEIN Gilles - Cor

KLICHE Marius - Perkussioun; ensemble Homophone (Perkussion)

KRONTHALER Stephan Max - Klarinett

LEJINA Ilze - Saxofon

NI Léon - Posaun

NOESEN Gilles - Formation musicale

RADELET Rainier - Saxofon; pratique collective instrumentale (ensemble instrumental + ensemble instrumental avancé)

REICH Frank - Piano

SANDOVAL Ricardo - Formation musicale

SCHUMACHER Yves - Grouss Blechbléiser (Bariton, Eufonium, Basstuba, Kontrabass)

STOROZHYNSKA Solomiya - Gei

TRIBOI Arcadie - Piano

TEROVA Maria - Formation musicale (fr)

WALCH Sabine - Éveil musical