Offall a Recycling
D’Ziler vun der Gemeng Niederanven a Saachen Recycling
Saachen déi kënne recycléiert ginn dierfen op kee Fall an déi normal Haushalt Dreckskëschten geworf ginn.
Dofir ass de 5.Mai 1998 den interkomunale Recycling Zenter vun de Gemenge Konter, Niederanven, Schëtter a Sandweiler opgaang.
Seng Öffnungszäiten sinn :
- Méindes : zou
- Dënschdes – Donneschdes : op vun 13h00 bis 18h30
- Freides : op vun 09h30 bis 18h30
- Samschdes : op vun 09h30 bis 17h00
Seng Adresse :
Um Landtrausch
L-5365 MUNSBACH
Tél: 34 72 80 Fax: 34 72 81
Internet : www.rc-munsbach.lu
Mail: info@ccn.lu
E Plang vun deene verschiddene lokalen Offall Kollekten gëtt regelméisseg un all Stod vun der Gemeng verdeelt.
Asammelen vum ale Glas a Pabeier
Nëmme fir Fläschen an Behälter aus Glas oder ale Pabeier.
Dir sidd gebieden déi verschidde Consignen dëst betreffend an d’Asammel Deeg an deene verschiddenen Uertschaften ze respektéieren.
Kollekt vun schwéieren elektreschen Haushalt Geräter
Kollekt op Ufro beim Nummer 800 2 94 94
Taxe pro Ofhuelen 12.50€
Valorisatioun Tax
- pro Frigo oder Tiefkühler 0.-€
- pro Fernseh oder PC 0.-€
Wäsch-, Kach-, Spullmaschinnen oder Trockner sinn ebenfalls gratis valoriséiert. Just d’Ofhueltaxe gëtt verrechent.
Déi Kollekt mécht sech ëmmer den 1. Mëttwoch am Mount ab 8h00 moies.
Asammelen vum Sperrmüll a Schrott
Ofhuelen op Ufro iwwer de gratis Telefonsnummer 800 2 94 94
Umellung : Méindes bis Freides vun 13h00-17h00 jeeweils bis spéitstens de Freiden virun der Kollekt
All Sperrmüll Stéck muss mat engem speziellem Autocollant markéiert sinn, den dir fir 3.-€ an der Gemeng ze kafe kritt.
D’Kollekt mécht sech ëmmer um 2. Dënschden am Mount.
Asammelen vum normalen Haushalt Offall
Dir hutt d ‘Méiglechkeet, wann et da néideg ass, eng zousätzlech gro Tut, déi dir fir 5€ a der Gemeng ze kafe kritt, nieft är normal gro Dreckskëscht ze setzen.
Asammelen vun organeschem Offall
Respektéiert w.e.g. d’Consignen vum MINETT Kompost. Beim net Respektéieren gëtt déi gréng Dreckskëscht net eidel gemaach.
D’Kollekte sinn :
- vun Abrëll bis November . 1 x d’Woch
- vun Dezember bis Mäerz : all 2 Wochen
Asammelen vu Gréngschnatt (Wues, Blieder, Hecken a Beem)
Gras nom Méinen muss separat vu Blieder, Gräser, Hecken an Äscht gehale ginn. Et ass verbueden Saachen déi an déi gro Dreckskëscht (normalen Haushalt Offall) gehéieren dodran ze geheien.
Öffnungszäiten vum Gréngschnatt Zenter um Sennéngerbierg :
- Dënschdes bis Freides : 09h00 – 17h00
- Samschdes : 10h00-17h00
Problematesch Substanzen
D’SuperDrecksKëscht® fir Biirger sammelt gratis am ganze Land gëfteg Substanzen bei de Privatleit an.
Esou hutt dir d ‘Méiglechkeet déi geféierlech Substanzen vun deenen aneren ze trennen an se sécher a getrennt ofzeginn.
Verschidden Sammel Systemer bidden fir all Zort vun Offall eng Léisung am Sënn vum Ëmweltschutz un.
Kollekt VALORLUX
D’Valorlux Tuten sinn nëmmen fir Gedrénks Kartongen, Plastik Fläschen, PE-HD Flaconen, Aluminium a Stol Behälter (Infotelefon : 34 72 80)