Klima Pakt

De Klima Pakt : wat ass dat ?

De Klima Pakt ass e Kontrakt den d’Gemeng Nidderaanwen zesummen mat 93 anere Gemengen a mam Staat  ënnerschriwwen huet. Op Basis vum Gesetz vum 13. September 2012, dat d’Opsetzen vun engem Klima Pakt fir Gemengen regelt, huet sech Nidderaanwen dunn den 23.November 2012 och verpflichtet dëse Pakt vum 1.Januar 2013 bis den 31.Dezember 2020 anzehalen. Matt dëser Ënnerschrëft huet de Staat sech verflicht der Gemeng mat finanziellen an technescher Hëllef op dem Gebitt bäizestoen.

 

Wat sinn d’Ziler vum Klima Pakt ?

  • D’Awunner sensibiliséieren
  • D’Virleefer Roll vun de Gemengen a Saachen Energie Effizienz a Klimaschutz ausbauen
  • D’Serregasen reduzéieren an den Energieverbrauch erofsetzen
  • Déi lokal a regional Investissementer a Saachen Energiespueren stimuléieren

Mam Ënnerschreiwen vun dem Pakt huet d’Gemeng sech verflicht hir Politik a Saachen Energie a Klima par rapport zum Europäesche System European Energy Award (EEA) unzepassen an ze strukturéieren, genau ewéi hiren Energie-a Waasser Verbrauch an den CO2 Ausstoussen bei hiren eegenen Infrastrukturen an Anlagen ze verbesseren. De Staat stellt dofir e speziell ausgebilten Klimaberoder, den d’Gemeng an uewe genannten Bestriewungen administrativ an technesch beréid.

De Klimaberoder vun der Gemeng Nidderaanwen ass den Här Jeannot Schroeder vun der CSD SA.

 

Eis Klima Equipe (d’Klimateam)

Nom Opruff vun der Gemeng un Bierger an un déi lokal Firmen huet sech d’Klimateam folgender Weis zesummegesat :

  • 1 Member vum Gemengerot: Fréd Ternes
  • 13 intresséiert Bierger : Rose Scharfe (Präsidentin), Pitt Beicht, Ute Blohm-Hieber, Guy Clausse, Jean Fell, Uli Fielitz, Emile Guillardin, Pol Polfer, Serge Schaefer, Marc Schlammes, Patrick Schumacher, Grammatiki Tsingou, Marnix Wielenga
  • 1 Vertrieder vum Commerce: Christian Kaempff
  • 1 Gemengebeamten: Judith Duplang
  • 1 Beroder : Jeannot Schroeder den d’Equipe animéiert.

 

De Mesure Katalog

De Klima Pakt berout op 79 verschidde Mesuren, déi sech a folgenden Domainen erëm fannen :

  1. Aménagement vum Territoire an d’Bauwiësen
  2. Gemenge-Gebaier an Équipement
  3. Versuergung an Entsuergung
  4. Mobilitéit
  5. Intern Organisatioun vun der Gemeng
  6. Kommunikatioun an Kooperatioun

Des Kriterien erlaben et d’Situatioun vun de jeeweilege Gemengen genau anzeschätzen an och de Progrès mat Hëllef vun engem Punktesystem genau kënne festzestellen.

 

De Prozess « European Energy Award ® » (EEA) :

De Prozess vum Klima Pakt ass folgender Moossen strukturéiert :

  1. D’Klima Equipe mécht en « Etat des lieux » par rapport zum Mesure Katalog
  2. D’Klima Equipe schafft en Aarbechtsprogramm aus, den si dem Gemengerot presentéieren
  3. D’Réalisatioun vun de Mesuren nom Vote am Gemengerot
  4. D’Klima Equipe garantéiert e jäerleche Suivi a Rapport
  5. Prozess Audit a Zertificatioun

 

D’Zertificatioun

Den Zertificatiounssystem vum Klima Pakt stuuft d’Gemengen nom Mesurë Katalog mat Berécksichtigung vu spezifesche Situatiounen. Dëse System mécht esouwuel eng intern ewéi eng extern Evaluatioun. Wann eng Gemeng e gewëssene Prozentsaatz vun deeër héchst méiglechster Punkt Zuel huet, da ka se hir Zertificatioun ufroen. Vun dem Moment un huet si e Recht op eng variabel Partie vun der Klima Pakt Subventioun.

Déi 1. Zertificatioun gëtt et wann vu 40% vun de Maximal Punkten erreecht sinn.

 

D’Gemeng an de Klima Pakt:

  • Ënnerschreiwen vum Kontrakt : 23 November 2012
  • 1. Réunioun (mam Klimaberoder, Schäfferot a Service technique) : Juli 2013
  • Unzuel vu Réuniounen fir d’Preparatioun vum Etat des Lieux : 10
  • Kandidaten Opruff fir de Klimateam zesummenzestellen : Gemengebuet 08/2013
  • 1. Réunioun vum Klimateam : 26 November 2013
  • Preparatioun fir den Etat des lieux mam Klima Team : 10 Réuniounen ware néideg
  • Bei der Clôture vum Joresbericht 2014 : 37% vun der de Maximal Punkten waren erreecht
  • Audit 2015 :2. Zertificatioun mat 58%

Etat des lieux vun der Gemeng

Den Etat des lieux, ermëttelt mat Hëllef vum Klima Team an dem Service technique, huet bestätegt dass d’Gemeng Nidderaanwen souwisou schonn eng Energie frëndlech Klimaschutz Politik hat. Wéinst der Situatioun ass d ‘Gemeng dunn och séier am Klima Pakt Prozess virukomm.

Vun deenen Energie gewossten Actiounen déi virun 2013 stattfonnt hunn, musse folgend besonnesch ervirgehuewe ginn :

  • D’Bäitrieden vun der Gemeng zur Klima Allianz em Joer 2006 an d ‘Ëmsetze vun all deenen dozou gehéierenden Aktiounen
  • Déi interkommunal Kooperatioun mam SIAS and der Konventioun AirRegion
  • D’Analys vum Potential vun der Gemeng op Energie gewosstem Niveau
  • D’Konstruktioun vu Gebaier mat Energie aarmer Consommatioun (Maison Relais, Centre culturel)
  • D’Konstruktioun vun Niddereg Energie Sozial Wunnengen (8 Eefamilljenhaiser)
  • D’Verdeelung vun Subventiounen u Stéid , déi mat Sonnenenergie bedriwwen Installatiounen funktionéieren
  • Verschidden Veranstaltungen aus dem Domaine Energiespueren a Klimaschutz (Konferenzen, Projeten, Ausstellungen)
  • Gemenge Subventiounen fir d’Uschafen vun engem Kompostéierer, Reewaasser Sammel Anlag a Photovoltaïk Anlagen

Seitdem emgesaten Ziler

Beräich "Entwicklungsplang & Raumordnung" 

  • Virstellung vum Energiekonzept vum „Energiepark Reiden“ 
  • Afleegung vun der wichtigsten Indikatoren am EEA-Tool 
  • Eenegung op en Offallkonzept zesummen mat den SIAS Gemengen
  • Erstellung vun enger Potenzialanalyse an diversen Beräichen

Beräich „Kommunale Gebaier, Anlagen“

  • Virstellung vun engem éischte Sanéirungskonzept: Et gouf beschloss keng Gebaier aus réngen energietechnësche Grënn ze sanéiren mee bei enger Sanéirung op déi Themen Rücksicht ze huelen
  • Bewertung vum Verbrauch am Enercoach
  • D'Gemeng bezitt zu 100% Naturstroum sou wéi -gas. 
  • E gudden Deel aan der öffentlëcher Beliichtung ass enzwëschen LED 

Beräich "Versuergung, Entsuergung"

  • Durchféirung enger Bestandsopnahm vun der Wärmeproduktioun op dem Gemengegebitt
  • Erschafung vun enger Potenzianalys vun der Energieproduktioun op dem Gemengegebitt 
  • Fir d'Bierger op de Waasserverbrauch opmierksam ze maachen, gouf eng nei Waasserrechnung mat Statistiken agefouert 

Beräich "Mobilitéit"

  • Uschaffung vun engem Elektroauto fir d'Gemengeverwaltung
  • Durchféirung enger Bestandsopnahm vun an  der "Airregioun" proposéierte Mesure vum Fouss- a Velosverkéier
  • Regelméisseg Informatiounen iwwer ÖPNV-Offeren
  • Mataarbescht un Aktiounen wéi "Tour du Duerf" an der europäescher Mobilitéitswoch
  • Organisatioun von Velosboursen

Beräich "Intern Organisatioun"

  • De Gremium Klimapakt huet sech véier Mol jäerlech getraff. Et goufen Aktivitéiten fir 2017 geplangt.
  • Durchféirung vun enger Sensibiliséirungskampagne bzgl. dem Klimapakt bei de Gemengenaarbeschter vun der Gemeng
  • Fuerderung vun der Biodiversitéit als pestizidfräi Gemeng

Bereich "Kommunikatioun und Kooperatioun"

  • Uschaffung vun engem Elektroauto fir d'Gemengeverwaltung mam Logo vun der Gemeng sou wéi dem Logo vum Klimapakt
  • Finaliséirung vun engem Projet am soziale Wunnengsbau sou wéi Beschluss vun engem neie Projet
  • Gemeinsam Kommunikationsrei mat de SIAS-Gemengen zum Thema Offall, Waasser etc.
  • Zusammenaarbescht „fonds national de recherche“ fir de Kanner en Abléck an d'Wëssenschaft ze gewähren
  • E Gros vun de Veräiner an der Gemeng hun eng Charte zum Thema Klimapakt ënnerschriwwen
  • Primm fir d'Uschafung vun Pedelecs
     

2017 : 

  • Neit Konzept fir d'Offallwiertschaft (Verschaffen & Steieren)
  • Verbessert Kommunikatioun durch Sozialmedien
  • Beihëllef am Aklang mat de neie Foussgänger- (Rëtsch) an Velosweeër (Verbindung tëschent Nidderaanwen & Mënsbësch) 
  • Sanéierung vum ëffentleche Schoulgebai "am Sand"
  • Présentatioun & Kommunikatioun "Energiekonzept"
  • Migratioun Enercoach vun Excel op Gescom Plattform
  • Fortsetzen vun der Ëmstellung vun der Stroossebeliichtung op LED-Technik
  • Finanziell Primm M-Pass für d'Beamten vun der Gemeng
  • Konzept Straßenmiwwléirung
  • Kommunikatiounskonzept

D'Gemeng Nidderaanwen gouf am Oktober 2015 auditéiert an huet am Ofschloss e Niveau vun 58%.

Am Februar 2017 konnte mer eng Stéigerung vun 6,9% op en Zwëschestand vun 64,9% errechen.

2018 :

  • Erstellung vun engem Reenwaasserkonzept
  • Superdreckskëscht-Zertifizéierung fir d'Schoulen
  • Quelleschutz (Informatiounsveranstaltung a Workshop mat Biergerbedeelegung)
  • Ersatz fir de P. Schumacher: verantwortlech fir de Klimapakt
  • Offallsteieren als Ëmsetzung vum Offallkonzept soll 2018 beschloss ginn
  • Verschidden Ëmbaute gi geplangt: Loysi, Sporthalle, CIPA
  • Parkraummanagementkonzept
  • De Charly-Minibus gëtt ab März elektresch bedriwwen
  • Regional ass e neit Konzept fir de Recyclingcenter geplangt
  • Baukontroll iwwert en Expertenbüro gëtt iwwerpréift
  • Bilanz- und Indikatorensystem gëtt am Klimateam iwwerschafft
  • Ausbau vum Vel‘oh –Netz aus der Stadt Lëtzebuerg op de Gemengeterritoire
  • Bau vun engem Waasserbehälter an engem Gebai fir de Stroossendéngscht
  • Plangen vun enger Kläranlag
  • Neue Verkéierweeër: 
    • Verbindung Munsbach – Niederanven (SUP 2017 faerdeggestellt)
    • Uschluss PC2 – Gemengenhaus
  • Machbarkeitsstudie Velosweeër bei der N1
  • Weiderféirung vun de punktuelle Verbesserungen vun der Verkéierssécherheet (Foussgängerweeër, asw.) 
  • Filmrei zur Sensibiliséierung

2019:

Folgend Aktivitéiten goufen 2019 op Gemenge Niveau oder an Zesummenaarbecht mat anere SIAS Gemengen op d’Been gestallt:

  • Re-Zertifizéierungs Audit 50%
  • Quelleschutz Spezialist op SIAS Niveau ausgeschriwwen
  • Dat neit Offall Reglement gouf regional beschloss
  • Studie fir eng gemeinsam Notzung vun de Gebaier am Kader vum Ressourcen Zentrum
  • „Nohaltegkeet mécht Schoul“ Programm duerchgezunn
  • Den Dach gouf der Energie Kooperativ Enercoop Syrdall zur Verfügung gestallt
  • Park Management Konzept
  • D’Leit déi fir d’Gemeng schaffen kruten den M-Pass fir extra gutt Konditiounenzur Verfügung gestallt
  • Weiderféierung vu punktuelle Verbesserungen vun der Verkéiers Sécherheet (Foussgänger Iwwergäng asw.)
  • Nei Verkéiers Weeër:
    • Verbindung Mënsbech-Nidderaanwen (d’Aarbechten misste normalerweis 2020 ufänken)
    • Uschloss vum PC2 mam Terrain vum Gemengenhaus
  • Projet Pedibus gestartet
  • Akaf vun engem weideren Elektro Auto

2020:

Folgend Aktivitéiten ginn 2020 op Gemenge Niveau oder an Zesummenaarbecht mat anere SIAS Gemengen op d’Been gestallt:

  • Start vun der Detail Planung vum Ressourcen Zenter
  • Regionale Klimapakt Dag 2020
  • Uleeën vun engem Vëloswee tëscht Mënsbech an Nidderaanwen
  • Weider Ënnerstëtzung vun der Energie Kooperativ
  • Festleeën vun neien Ziler bis 2030
  • Nei Kogeneratioun Anlag “Am Sand”
  • Planung vun der Renovatioun vum “Loisi”
  • Renovatioun Aarbechten am CIPA
  • Weider Sécherung vun de Fouss Weeër an der Gemeng
  • Vëloswee tëscht der Maison Relais “Am Sand” an der “rue Andethana”
  • Auswäertung vun der Park Management Studie
  • Ausbau vum Pedibus
  • Mise en Conformité vum Syrdall Heem
  • Bau vun engem neie Gebai fir de Service “Voirie”