Offallentsuergung

Haut op vun 08h00 -14h00 (ouni Ënnerbriechung)

Poubelles

Eis Gemeng setzt sech dofir an, esou wéineg ewéi méiglech Offall ze produzéieren an ze hannerloossen. Op dëser Säit fannt Dir all wichteg Informatiounen iwwert den Tri vum Offall.

Formulaire fir d'Bestellung, d'Ersetzen, d'Reparatioun oder de Retour vun enger Poubelle

Mir wëllen och informéieren, dass Dir gratis Kompost am Gréngschnëttzenter um Sennengerbierg ofhuelen kënnt.

D’Gemeng Nidderaanwen informéiert, dass den 1. Mee 2022 eng Ännerung vun eisem Offalltaxreglement a Kraaft getrueden ass. De Gemengerot huet a senger ëffentlecher Sëtzung vum 25. Februar 2022 approuvéiert, dass den Artikel 4 – Taxe de poids vun eisem Ofalltaxreglement geännert gëtt, mat enger Erhéijung vum Minimum vun 2,5 kg op 5 kg pro Vidange vun der groer Dreckskëscht.

Mir weisen drop hin, dass et den Awunner weiderhin iwwerlooss ass, hir Dreckskëscht no hire Besoinen erauszesetzen.

Fir verwäertbar Géigestänn, déi net an d’Poubelle gehéieren, gëtt et de Recyclingszenter zu Mënsbech, dee fir Gemengen Nidderaanwen, Schëtter, Sandweiler an Conter zur Verfügung steet.

D'Ëffnungszäite vum Recyclingzenter sinn:

  • méindes: zou
  • dënschdes – donneschdes: op vun 13h00 bis 18h30 (per Telefon scho vun 10h00 un erreechbar)
  • freides: op vun 09h30 bis 18h30
  • samschdes: op vun 09h30 bis 17h00

Adress:
Um Landtrausch
L-5365 Munsbach
Tél: 34 72 80 Fax: 34 72 81
Internet : www.rc-munsbach.lu
Mail: info@ccn.lu

Recycling Munsbach

Nëmme fir Fläschen a Behälter aus Glas oder ale Pabeier.
Dir sidd gebieden, déi verschidde Consignen dëst betreffend an d’Asammel Deeg an deene verschiddenen Uertschaften ze respektéieren.

Kollekt op Ufro beim Nummer 800 2 94 94

Delai fir d’ Umellung ass de Samschde virum Rendez-vous.

Tax pro Ofhuelen 20,00€

Valorisatioun Tax

  • pro Frigo oder Tifküler 0.-€
  • pro Fernsee oder PC 0.-€

Wäsch-, Kach-, Spullmaschinnen oder Trockner ginn och gratis valoriséiert. Just d’Ofhueltax gëtt verrechent.

D'Kollekt ass ëmmer den 1. Mëttwoch am Mount ab 8h00 moies.

Ofhuelen op Ufro iwwer d'gratis Telefonsnummer 800 2 94 94

Umellung : Méindes bis freides vun 13h00 bis 17h00, jeeweils bis spéitstens de Freide virun der Kollekt

Tax pro Ofhuelen bis zu 1 m3: 10 €

Zousätzlech 5 € fir all weidere m3. Woubäi déi Maximalgrenz bei 5 m3 läit.

D’Kollekt ass ëmmer den 2. Dënschden am Mount.

Dir hutt d'Méiglechkeet, wann et dann néideg ass, eng zousätzlech gro Tut, déi Dir fir 10€ op der Gemeng ze kafe kritt, nieft Är normal gro Dreckskëscht ze setzen.

Respektéiert w.e.g. d’Consignë vum MINETT Kompost. Beim Net-Respektéieren gëtt déi gréng Dreckskëscht net eidel gemaach.

D’Kollekte sinn :

  • vun Abrëll bis November : 1 x d’Woch
  • vun Dezember bis Mäerz : all 2 Wochen

Gras nom Méie muss separat vu Blieder, Gräser, Hecken an Äscht gehale ginn. Et ass verbuede Saachen, déi an déi gro Dreckskëscht (normalen Haushalt Offall) gehéieren, dodran ze geheien.

Öffnungszäite vum Gréngschnëttzenter um Sennengerbierg:

  • vum 1. November bis 31. Mäerz: dënschdes – samschdes: 9h00-17h00
  • vum 1. Abrëll bis 31. Oktober: dënschdes – freides: 9h00-17h00 | samschdes: 10h00-18h00

D’SuperDrecksKëscht® fir Biirger sammelt gratis am ganze Land gëfteg Substanze bei de Privatleit an.

Esou hutt dir d'Méiglechkeet, déi geféierlech Substanzen vun deenen aneren ze trennen an se sécher a getrennt ofzeginn.

Verschidde Sammelsystemer bidde fir all Zort vun Offall eng Léisung am Sënn vum Ëmweltschutz un.

D’Valorlux-Tute sinn nëmme fir Gedrénks Kartongen, Plastik Fläschen, PE-HD Flaconen, Aluminium a Stolbehälter (Infotelefon: 34 72 80).

Déi blo Tute fir d'Kollekt kritt Dir bei eis op der Gemeng.