Jäerlech Aktivitéiten
2022:
Am Joer 2022 huet Gemeng Nidderaanwen méi wéi 70 Aktivitéiten am Sënn vum Klimapakt gestart bzw. ëmgesat.
Zu dësen Aktivitéiten ziele beispillsweis:
- Start vum Ruffbus Syrdall zesumme mat der Gemeng Schëtter.
- Aféierung vun der ëmweltfrëndleche Charta fir Veräiner.
- Erstellung vun der Broschür fir d’ ekologesch Subsiden.
- Organisatioun vum 1. Repair Café den 18.6.2022 am Centre polyvalente « A Schommesch » mat 18 Reparaturen.
-
Aktiounen zur Fuerderung vum Krunnewaasser :
- Verdeelung vu gratis Waasserfläsche fir d’ Schoulkanner a Personal.
- Installatioun vun 10 Waasserfontänen a kommunale Gebaier.
- Workshoppen zum Leitbild „Klimapakt“, dem Klimaupassungs- an dem Mobilitéitskonzept.
- Délibératioun vum Ressourcenkonzept, den Energiespuermesuren an den Haaptlinne fir 2030 vum Klimapakt.
2021:
Am Joer 2021 huet Gemeng Nidderaanwen méi wéi 60 Aktivitéiten am Sënn vum Klimapakt gestart bzw. ëmgesat.
Zu dësen Aktivitéiten ziele beispillsweis:
- Neit Energiekonzept 2020 zur kommunalen Energieplanung.
- Opstellung vun engem Renovatiounskonzept fir d’ gemenge Gebaier
- Installatioun vun enger PV-Anlag um Scouts Chalet zesumme mat der Enercoop Syrdall
- Planung vun engem Repair Café zesumme mat de SIAS Gemengen.
- Ausbau vun de Moossname fir Verkéiersberouegung an der Gemeng (Zone 30, Berliner Kissen)
- Ausbau vun eise Vëlosweeër a Richtung Schëtter, Betzder a “Am Sand”
- Installatioun vun 2 Vél’OH!-Statiounen a Planung vu weidere Statiounen
- Aktiounen zur Sensibiliséierung wärend der Mobilitéitswoch a der Woch vum Bam.”
2020:
Am Joer 2020 huet Gemeng Nidderanwen ronn 60 Aktivitéiten am Sënn vum Klimapakt gestart bzw. ëmgesat.
Zu dësen Aktivitéiten zielen beispillsweis:
- Aféierung vum neien Taxenreglement am Kader vun enger “Null Offall”-Politik
- Imlpementéierung vun engem Energiemanagementsystem zur Kontroll vum Energieverbrauch an den gemengen Gebaier.
- Wiessel vun verschiddenen Luuchten (Stroossebeliichtung, Schoul) op LED
- Installatioun vun Waasserspenderen an den Sportshalen.
- Weider Elektrifizéierung vun der gemengen Autoflott.
- Astellung vun engem Chargé de l’environnement et de l’énergie, souwéi Gestaltung vun engem Service de développement durable.
- Planzaktioun vun 12 Birebeem fir den Jorgang 2019 am Kader vum Dag vum Bam 2020
2019:
Folgend Aktivitéiten goufen 2019 op Gemenge Niveau oder an Zesummenaarbecht mat anere SIAS Gemengen op d’Been gestallt:
- Re-Zertifizéierungs Audit 50%
- Quelleschutz Spezialist op SIAS Niveau ausgeschriwwen
- Dat neit Offall Reglement gouf regional beschloss
- Studie fir eng gemeinsam Notzung vun de Gebaier am Kader vum Ressourcen Zentrum
- „Nohaltegkeet mécht Schoul“ Programm duerchgezunn
- Den Dach gouf der Energie Kooperativ Enercoop Syrdall zur Verfügung gestallt
- Park Management Konzept
- D’Leit déi fir d’Gemeng schaffen kruten den M-Pass fir extra gutt Konditiounenzur Verfügung gestallt
- Weiderféierung vu punktuelle Verbesserungen vun der Verkéiers Sécherheet (Foussgänger Iwwergäng asw.)
-
Nei Verkéiers Weeër:
- Verbindung Mënsbech-Nidderaanwen (d’Aarbechten misste normalerweis 2020 ufänken)
- Uschloss vum PC2 mam Terrain vum Gemengenhaus
- Projet Pedibus gestartet
- Akaf vun engem weideren Elektro Auto
2018 :
- Erstellung vun engem Reenwaasserkonzept
- Superdreckskëscht-Zertifizéierung fir d'Schoulen
- Quelleschutz (Informatiounsveranstaltung a Workshop mat Biergerbedeelegung)
- Ersatz fir de P. Schumacher: verantwortlech fir de Klimapakt
- Offallsteieren als Ëmsetzung vum Offallkonzept soll 2018 beschloss ginn
- Verschidden Ëmbaute gi geplangt: Loysi, Sporthalle, CIPA
- Parkraummanagementkonzept
- De Charly-Minibus gëtt ab März elektresch bedriwwen
- Regional ass e neit Konzept fir de Recyclingcenter geplangt
- Baukontroll iwwert en Expertenbüro gëtt iwwerpréift
- Bilanz- und Indikatorensystem gëtt am Klimateam iwwerschafft
- Ausbau vum Vel‘oh –Netz aus der Stadt Lëtzebuerg op de Gemengeterritoire
- Bau vun engem Waasserbehälter an engem Gebai fir de Stroossendéngscht
- Plangen vun enger Kläranlag
-
Neue Verkéierweeër:
- Verbindung Munsbach – Niederanven (SUP 2017 faerdeggestellt)
- Uschluss PC2 – Gemengenhaus
- Machbarkeitsstudie Velosweeër bei der N1
- Weiderféirung vun de punktuelle Verbesserungen vun der Verkéierssécherheet (Foussgängerweeër, asw.)
- Filmrei zur Sensibiliséierung
2017 :
- Neit Konzept fir d'Offallwiertschaft (Verschaffen & Steieren)
- Verbessert Kommunikatioun durch Sozialmedien
- Beihëllef am Aklang mat de neie Foussgänger- (Rëtsch) an Velosweeër (Verbindung tëschent Nidderaanwen & Mënsbësch)
- Sanéierung vum ëffentleche Schoulgebai "am Sand"
- Présentatioun & Kommunikatioun "Energiekonzept"
- Migratioun Enercoach vun Excel op Gescom Plattform
- Fortsetzen vun der Ëmstellung vun der Stroossebeliichtung op LED-Technik
- Finanziell Primm M-Pass für d'Beamten vun der Gemeng
- Konzept Straßenmiwwléirung
- Kommunikatiounskonzept
D'Gemeng Nidderaanwen gouf am Oktober 2015 auditéiert an huet am Ofschloss e Niveau vun 58%.
Am Februar 2017 konnte mer eng Stéigerung vun 6,9% op en Zwëschestand vun 64,9% errechen.