De Buergermeeschter

Haut op vun 08h00 -14h00 (ouni Ënnerbriechung)

Foto-Buergermeeschter-header-2 (1)

D'Fonctioune vum Buergermeeschter

De Buergermeeschter presidéiert de Schäffen- a Gemengerot. Hien ënnerschreift zesumme mam Gemengesekretär alleguer d’Reglementer an Dekreter, Akten an d’Korrespondenz vun der Gemeng. Hien ass och zoustänneg fir d’Ausféierung vun dem Policereglement, sou wéi fir d’Baugeneemegungen ze ginn, genee sou wéi fir verschidden Autorisatiounen vu bestëmmte klasséierten Etablissementer („Commodo-Incommodo“). Hien ass Offizéier vum État civil (Hochzäiten, Begriefnisser,...).


04.07.23_Fréd_TERNES

Fréd Ternes

Buergermeeschter

,,Als Buergermeeschter hunn ech d’Visioun vun enger Gemeng an där en optimaalt Zesummeliewe vun de Leit déi hei wunnen, hei schaffen an sech hei an de Veräiner engagéieren, stattfënnt. Ech sinn der Meenung, datt eng Gemeng net just do ass fir Problemer ze léisen, mee och soll mat der Partizipatioun vu ganz villen Interesséierten nei Iddien ausschaffen fir esou eis Gemeng zesummen virunzebréngen.''

foto-telefonspermanence-bourgmestre

Dir hutt en Uleies oder eng Iddi fir eis Gemeng no vir ze bréngen?
Da profitéiert vun der Telefonspermanence mam Buergermeeschter, all Donneschde Moien. Reservéiert einfach am Virfeld Är Plage vu 15 Minutten andeems Dir dëse Formulaire ausfëllt.


Mir freeën eis op Ären Input!

Du hues eng Iddi fir eis Gemeng? Da ruff dem Buergermeeschter un an erziel him vun denger Iddi fir eng besser Gemeng!
Huel dir däi Rendez-vous am Virfeld via christiane.bour@niederanven.lu oder per Telefon um 34 11 34-43.