Veräinsliewen
associations


D’Associatiounen aus der Gemeng Nidderaanwen kënnen all Joer eng finanziell Ënnerstëtzung bei der Gemeng ufroen. D`Reglement vun de Subsiden fannt dir hei drënner.

Hei fannt dir och de Formulaire fir d'Demande vum Subside fir d'Joer 2023. Dëse muss bis spéitstens den 10. Mee 2024 am léifste per E-Mail u secretariat@niederanven.lu geschéckt ginn.

Mam follgende Formulaire kennt Dir Är Manifestatioun an den Agenda um Internetsite vun der Gemeng an/oder op d'LED Wand bäisetzen.

Zesumme mam Formulaire kennt Dir eis och Äre Flyer an/oder Är Affiche fir d'LED-Wand zoukomme loossen.
 W.e.g beuecht déi verschidde Formater: 

  • Flyer an A5/A4/A3 Format als PDF, PNG or JPEG
  • LED Wall Poster: 9:16 Format (1080x1920 px)

 

Wann Dir Deel vun enger lokaler Associatioun sidd, kënnt Dir dëse Formulaire ausfëllen fir de Minibus vun der Gemeng ze reservéieren. Den Datum an d'Zäite vun der Disponibilitéit/Liwwerung ginn mam Gemengerot koordinéiert. (Tel.: 26 34 70 21).

Am Fall vun enger Reservatioun, verpflicht Dir d'Gefier a propperem Zoustand zréckzebréngen an all observéiert Mängel dem Gemengeresponsablen ze mellen.

Schéckt eis wgl. dës Demande mindestens 48 Stonne virum Start vum Ausfluch eran. De Chauffeur muss mindestens 21 Joer al sinn an op d'mannst 2 Joer de Permis hunn. Bei der Iwwergab vum Schlëssel muss eng Kopie vum Führerschäin hannerluecht ginn. 

Iwwert dësen Formular kennt Dir en Éierewäin fir är Festivitéit ufroen