Aussendéngscht

Haut op vun 08h00 - 11h30 & 13h00 - 16h30

Regieservicer_Header

De Service Voirie

De Service Voirie ass zoustänneg fir den Entretien vun der Gemeng, also fir d'Stroossen, d'Troittoiren, d'Vëlosweeër an d'Feldweeër. Doriwwer eraus ass d'Team och zoustänneg fir de Wanter- a Streedéngscht. Am Fréijoer a Summer falen d'Heckeschneiden an d'Méiaarbechten un. Reegelméisseg mécht de Service en Tour duerch d'Gemeng, fir d'ëffentlech Poubellen eidel ze maachen. Schliisslech këmmert sech de Service Voirie och ëm d'Aarbechte bei engem Begriefnis an der Gemeng.

Norbert Willems Viraarbechter

T. 621 219 140

E. voirie@niederanven.lu

Steve Bangnowski
Sven Kieffer
Marc Kirchen
Jean-Marc Graas
Steve Lanners
Patrick Lopes Simoes
Luka Mendes
Patrick Schifferings
Michael Stuhr
Marc Thies
Alain Weber
Pierre Welter Elektriker
Lilian Larchez

Léiert méi iwwert seng Missiounen an eisem Video

De Waasserdéngscht

De Waasserdéngscht këmmert sech ëm d'Waasser an der Gemeng. Heizou zielen d'Gestioun an den Entretien vun de Waasserbehälter, d'Kontroll vun de Quellen, sou wéi reegelméisseg Waasseranalysen. Doriwwer eraus montéiert d'Team vum Waasserdéngscht och d'Waasseruschlëss an Nei- an Albauten, wiesselt Waasseraueren aus an ass sur Place, wann et zu enger Waasserfuite an der Gemeng kënnt. Schliisslech këmmert sech de Service och ëm kleng Schlässeraarbechten. 

Laurent Kettmann Viraarbechter

T. 34 82 06

E. eaux@niederanven.lu

Ricardo Abrunhosa
Bob Schiltz

Léiert méi iwwert seng Missiounen an eisem Video

De Gäertnerdéngscht

De Gäertnerdéngscht vun der Gemeng këmmert sech ëm den Entretien vun de Gréngflächen an d'saisonal Beplanzung an der Gemeng. Sou gesäit een d'Ekipp och emol op de Spillplazen, Kierfechter an an de Parke vun der Gemeng, alles Plazen, ëm déi sech d'Ekipp këmmert. Des Weideren hëlleft de Gäertnerdéngscht bei de Botzaarbechten an dem Streedéngscht an der Gemeng a këmmert sech ëm d'Bestellen vu Blummen a Planzen, d'Zesummestelle vun Ornamenter an d'Dekoréiere bei gréissere Manifestatiounen déi vun der Gemeng organiséiert ginn.

Guy Jost Viraarbechter

T. 34 19 07

E. jardinage@niederanven.lu

Eric Ben Si Amar
Paul Frisch
Philippe Huybrechts
Samantha Kirpach
Tom Lambert
Manuel Pereira
Tim Rasquin
Cindy Scholtes
Jaroslaw Sroka
Claudine Theisen

Léiert méi iwwert seng Missiounen an eisem Video

De Service Sport & Kultur

De Service Sport & Kultur, och Ekipp vum Loisi genannt, këmmert sech ëm d'Op- an Ofriichten, sou wéi ëm d'Surveillance vu Manifestatiounen an der Gemeng. D'Ekipp steet heifir och dagdeeglech de Veräiner bei der Realisatioun an der Organisatioun vun hire Versammlungen an Eventer zur Säit. Doriwwer eraus, kënnen d'Veräiner iwwert de Service Sport & Kultur d'Minibusser vun der Gemeng lounen. Schliisslech këmmert sech d'Ekipp och ëm den Entretien vun den zwee Fussballsterrainen, sou wéi ëm d'Organisatioun vum Maart an der Gemeng. 

Adress
7, Routscheed L-6939 Niederanven
Tel.: 34 85 19
Fax: 34 93 64

Peter Kaps Viraarbechter

T. 26 34 70 – 21

E. peter.kaps@niederanven.lu

Mike Bertrang
Jo Bredimus
Alberto Caffo
Ricardo De Paiva
Paul Goldschmit
Tom Morth
Timo Müller
Johny Portela
Saba Velijija

Léiert méi iwwert seng Missiounen an eisem Video

De Service Transport

De Service Transport këmmert sech ëm den Transport vun de Schülerinnen a Schüler an d'Schoul Am Sand. Wann nomëttes keng Schoul ass oder d'Dispobilitéit garantéiert ass, bréngen eis Buschaufferen d'Schüler och an d'Museksschoul oder an de Cours de soutien.

Pascal Bonifas Viraarbechter
Christophe Bamberg
Camille Bertrang