Dëst Joer steet Nationalfeierdag an eiser Gemeng ganz am Zeeche vun der Solidaritéit. Well d'Festivitéite vum ''Groussherzog Gebuertsdag'' an och eis d'traditionellt Volleksfest vum Zesumme feieren dëst Joer der Corona Kris zum Affer falen, huet de Schäffen- a Gemengerot decidéiert all Bierger aus der Gemeng e Bong am Wäert vun 20€ ze schenken, deen Dir an eise lokale Restauranten a Geschäfter beim Akafen aléise kënnt. 

Mir wëllen Iech heimat eng kleng Freed maachen an d'Geschäftswelt um Territoire vun eiser Gemeng ënnerstëtzen.

Heimat wëlle mir Iech matdeelen, dass vun haut un d'Spillplazen a Multisportplazen an der Gemeng nees fir de Public op sinn.

Nous aimerions vous informer que les aires de jeux et les terrains multisports de la commune sont à nouveau accessibles pour le public.

Avis officiel au public du collège échevinal

 

Heimat wëlle mir Iech informéieren, dass d'Gemengenhaus ab dem Dënschden, 2. Juni 2020, nees fir de Public zu deene gewinnten Horairen op ass. Mir bieden Iech weiderhin déi allgemeng sanitär Mesuren ze respektéieren a bei Ärer Visitt am Gemengenhaus e Mond-Nues-Schutz unzedoen.
E grousse Merci och un d'Gemengepersonal fir déi gutt Aarbecht an deene leschte Wochen an déi rigouréis Ausféierung vun de Sécherheetsmoossnamen!

Fannt d'Horairë vum Schoul- a Pedibus fir déi nächst Woch elo op eisem Site oder hei drënner.
Veuillez trouver les horaires du ramassage scolaire et du Pedibus pour la semaine prochaine sur notre site internet, ainsi que ci-dessous.

Schoulbus

Pedibus

Kuel an Eisen. Dat war den Ufank. An dem Robert Schuman seng Deklaratioun vum 9. Mee 1950. Haut op den Dag viru 70 Joer. De Schuman koum hei zu Lëtzebuerg op d’Welt. Hie gëllt als ee vun de Grënnungspäpp vun Europa wéi mir et haut kennen. D’Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Italien a Lëtzebuerg hunn 1952 nom Plang vum Robert Schuman d’Europäesch Gemeinschaft fir Kuel an Eisen (CECA) geschafen. Domadder gouf net nëmmen de Fridden tëschent dëse Länner assuréiert, mee virun allem de Grondstee fir déi spéider Europäesch Unioun geluecht.

De Bureau vum SIAS informéiert, dass ab dem Dënschden, 12. Mee 2020 nees déi normal Ëffnungszäite fir de Recyclingcenter Mënsbech gëllen.

Trotzdeem gëtt weiderhin nëmmen e Maximum vun 10 Autoen zougelooss an d'Leit si gebieden déi allgemeng Gestes barrières ze respektéieren.

_____________________________________________________________________________________________

Le bureau du SIAS informe qu'à partir du mardi 12 mai 2020, le Centre de recyclage de Munsbach est de nouveau ouvert à tout le public aux jours et horaires habituels.

Pages