De Méinden, 16. Oktober, huet de Schäfferot op e Rentréespatt am Loisi invitéiert, wärend deem sech déi Invitéiert aus dem educative Beräich bei engem lackere Patt an engem gudde Maufel kenneléieren an austausche konnten.
Am Kader vun der Woch vun der mentaler Gesondheet hu mir den 12. an 13. Oktober 2023 zesumme mam CNAPA en Éischt Hëllefscours fir psychesch Gesondheet organiséiert. Hei kruten d'Participanten d'Grondwëssen iwwer psychesch Stéierungen a Krise bei Erwuessene vermëttelt an erkläert, wéi ee Problemer mat Zäiten erkennt. Dem Formateur Sacha Bachim e grousse Merci fir deen interessante Cours.
Laang ass et hir, dass et eng Braderie zu Nidderaanwen gouf - ma déi vum Samschden, 30. September, war e vollen Erfolleg. E grousse Merci un d'Betriber, d'Associatiounen, d'Veräiner an natierlech och un d'Visiteure fir dëse flotten Dag an der Gemeng!
Frësch an den Drock an ab an d’Klassen domat! De Mëttwoch, 20. September 2023, huet de Schäfferot d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2 aus der Schoul Am Sand besicht fir hinnen - als éischt Kanner aus der Gemeng - eng Kannerkaart auszedeelen.