Am Kader vum Nationalen Dag vum Bam, huet de Schäfferot, zesumme mam Gäertnerdéngscht, dem SIAS an der Natur- a Forstverwaltung de Samschden, 18. November, op d'Planzaktioun fir déi Neigebueren 2022 invitéiert. Wärend der Aktioun goufe verschidden Héichstämm, Sträich a Blummebeeter geplanzt. Fir all Kand war e Strauch fir ze setze virgesinn an no der Planzaktioun huet d'Gemengeverwaltung op e Barbecue agelueden.
De Freiden, 17. November, hu mir op d'Sportleréierung invitéiert. Wärend engem flotte Programm goufen eng ronn 160 Diplomer un d'Sportlerinnen a Sportler aus eiser Gemeng, fir hir aussergewéinlech sportlech Leeschtung wärend dem Joer 2022/23, ausgedeelt. Felicitatiounen u jiddereen!
Danzoptrëtt: I.D.E.A. Dance
Musikaleschen Optrëtt: Nicool
Vum 6. bis den 8. November ass et fir dräi Jugendlecher an eng Responsabel vum Douzelage Niederanven op d'Konferenz ,,Free Press under Pressure'' gaangen. Organiséiert vum Douzelage Meerssen an Zesummenaarbecht mam Douzelage Köszeg, dem Douzelage Siret, der Maastricht University a Fontys Hogeschool Pedagogiek, hu sech 70 Jonker tëschent 18 an 30 Joer aus 19 verschiddenen EU-Länner zu Doenrade zesummefonnt fir e kritesche Bléck op d'Medien an der haiteger Zäit ze werfen.
Mir soen den Organisateuren e grousse Merci fir d'Organisatioun vun dësem super Projet!
Copyright Fotoen: Gemeng Nidderaanwen & Shane Smyth
Fir den Owend vum Concert commenté ,,Artists for Mental Health'', de 14. Oktober 2023, haten déi Jonk aus dem Jugendhaus Nidderaanwen, zesumme mam CIPA Gréngewald eng flott Fotoausstellung op d'Been gestallt.
D'Resultat vum Projet ,,Psychische Gesundheit'' kënnt Dir Iech weiderhin an den CIPA Gréngewald ukucke goen.
A l'occasion de la Journée Mondiale de Santé Mentale 2023, le collège échevinal de la Commune de Niederanven, en collaboration avec la Commission des Générations, l'association ,,Artists for Mental Health a.s.b.l.'', la Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale a.s.b.l., le Centre National de Prévention des Addications a.s.b.l. (CNAPA), la Maison des Jeunes Niederanven, ainsi que le CIPA Gréngewald, a organisé deux concerts commentés en date du 14 octobre 2023. Le 1er concert a eu lieu au CIPA Gréngewald à Niederanven avec Serge Tonnar. Un moment très émouvant pour les habitants du CIPA, qui se sont amusées en chantant ensemble les chansons fameuses de l'artiste. Au centre polyvalent ,,A Schommesch'', la soirée a continué avec des concerts commentés de Ninon, Maale Gars et Lata Gouveia - 3 musiciens exceptionnels avec des répertoires très variés. Les artistes ont commenté leurs oeuvres en décrivant le contexte complexe de leur état d'esprit parfois sombre lors de la composition de leurs chansons tout en expliquant l'effet bénéfique et libérateur du processus créatif. Une table ronde a eu lieu entre les concerts en présence de Sacha Bachim, Ninon, Lata Gouveia et Yannick Stein.