De Samschden, 13. Mee, stoung d'Nuit du Sport um Programm an och eis Gemeng war mat dobäi. Mat ronn 500 Leit um Site an engen 300 Kanner, déi sech fir déi verschidden Aktivitéiten ageschriwwen haten, ass de Sport a Spaass op dësem flotten Dag grouss geschriwwe ginn!
De Mëttwoch, 3. Mee 2023, hat de Schäfferot, an Zesummenaarbecht mat der Generatiounskommissioun, op d'Seniorentreffen u Bord vun der M.S. ,,Princesse Marie-Astrid'' agelueden. Niewent engem gudden Iessen a gudder Stëmmung, goufen och déi 80-järeg SeniorInne geéiert.
De Sonnden, 7. Mee, hat d'Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Nidderaanwen op de faire Brunch invitéiert. Eng knapp 70 Leit hunn et sech net entgoe gelooss, fir mat fair gehandelte Produite gutt an den Dag eranzestarten. An dësem Kader sinn och 2 Schecke vun de Kommissioune vun de 4 SIAS-Gemengen an der Héicht vu jeeweils 1.250€ for d'Stroossenenglen a Rokku Mi Rokka iwwerreecht ginn.
Den Donneschden, 27. Abrëll 2023, hu mir eis um Komplex ,,Am Sand'' zesummefonnt, fir d'Biomass-Cogeneratiounsanlag anzeweien. Duerch d'Ëmstellung vum Wärmenetz vun Erdgas op Holzpellets gëtt um Komplex ,,Am Sand'' den CO2-Ausstouss vun der Gemeng an Zukunft am Joer ëm 1.370 Tonne reduzéiert.
Réckbléck op eng flott Holzstee, de Samschden, 22. Abrëll, zesumme mat der Administration de la nature et des forêts am Grousseboesch.
Bei wonnerschéinem Wieder gouf de Méinden, 3. Abrëll, eng weider Editioun vum Maart ofgehalen. Vill interesséiert Leit hunn de Wee op d'Maartplaz fonnt, fir hei ë.a. hir Ouschterakeef ze maachen.
Wärend der Mobilitéitswoch 2022 huet d'Gemeng Nidderaanwen eng Ëmfro lancéiert, bei där d'Awunner d'Méiglechkeet haten, hir Iddien a Propose fir eng Verbesserung vun der Mobilitéit an der Gemeng eranzereechen. De Mëttwoch, 29. Mäerz, goufen den Awunner elo zesumme mat Schroeder & Associés d'Resultater vun dëser Ëmfro am Centre des loisirs ,,Loisi'' presentéiert.
Réckbléck op de politeschen Debat vum 22. Mäerz, A Schommesch, organiséiert vun der Integratiounskommissioun.
Fir eng inklusiv Gesellschaft!
Um Weltautismusdag wëll och eist Gemengepersonal op dëst Thema opmierksam maachen.