De Samschden, 13. Mee, hu mir eis am Kader vun der Nuit du Sport um Komplex Am Sand zesumme fonnt, fir de Verkéiersgaart anzeweien. Vun elo u kënnen d'Kanner op eng sécher a spilleresch Aart a Weis d'Notzung vum Vëlo am ëffentleche Stroosseraum léieren. De Verkéiersgaart ka vun der Schoul, der Maison Relais, mee awer och privat genotzt ginn.
Réckbléck op den NaturPakt Dag, de Freiden, 5. Mee, zu Beetebuerg, wärend deem mir eist Zertifikat iwwerreecht kruten. Mir hunn iwwer 40% vun de Mesuren emgesat a steieren elo motivéiert op déi nächst Zertifizéierung duer!
De Samschden, 13. Mee, stoung d'Nuit du Sport um Programm an och eis Gemeng war mat dobäi. Mat ronn 500 Leit um Site an engen 300 Kanner, déi sech fir déi verschidden Aktivitéiten ageschriwwen haten, ass de Sport a Spaass op dësem flotten Dag grouss geschriwwe ginn!
De Mëttwoch, 3. Mee 2023, hat de Schäfferot, an Zesummenaarbecht mat der Generatiounskommissioun, op d'Seniorentreffen u Bord vun der M.S. ,,Princesse Marie-Astrid'' agelueden. Niewent engem gudden Iessen a gudder Stëmmung, goufen och déi 80-järeg SeniorInne geéiert.
De Sonnden, 7. Mee, hat d'Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Nidderaanwen op de faire Brunch invitéiert. Eng knapp 70 Leit hunn et sech net entgoe gelooss, fir mat fair gehandelte Produite gutt an den Dag eranzestarten. An dësem Kader sinn och 2 Schecke vun de Kommissioune vun de 4 SIAS-Gemengen an der Héicht vu jeeweils 1.250€ for d'Stroossenenglen a Rokku Mi Rokka iwwerreecht ginn.